top of page

Papalula Brass

 

Papalula Brass ass ee Brass-Quintett vun der Mierscher Musek. Si spillen op Séance académiquen grad esou wéi bei Hochzäiten, Ouverturen oder soss offiziellen Uläss. De Répertoire geet vu klassescher Musek, Kierchemusek bis modern.

Wëllt Dir si engagéiren, da fëllt einfach de Formulaire ënnen aus.

Papalula Brass setzt sech aus folgende Membere vun der Mierscher Musek zesummen : 

 

Trompette :       HAMELIUS Théo

                           NIMAX Henri

  

Trombone :       NICKELS Laurent

  

Cor :                   NICKELS Luc

  

Bass :                SCHAEFERS Marc

  

Percussioun     NARLOCH Piotr

 

 

Wéi am Joer 2004 d'Mierscher Kulturhaus fäerdeg ginn ass an ëmmer méi Demanden fir Feierlechkeeten musikalesch ze ënnermolen un d'Musek gestalt goufen, huet sech viru gutt 10 Joer aus de Reie vun de Musikanten een Ensembel forméiert. Et war ufanks ee Blechbléiserquartett bestoend aus 2 Trompetten an 2 Trombonnen. Am Mëttelpunkt stoung natierlech d'Musizéieren, mä awer och d'Herausfuerderung an enger klenger Grupp virun engem grousse kriteschem Publikum kënnen opzetrieden.

 

Des öfteren gouf d'Quartett op hiren offiziellen Numm ugeschwat a sou gouf am Joer 2007, ulässlech enger Aweiung, entscheed fir d'Ufanksbuchstawe vun deene 4 Musikanten ze gebrauchen. Säitdeem, och wann an Zwëschenzäit d'Besetzung bëssche gewiesselt huet, heescht de Blechbléiserensemble PaPaLuLa Brass, bestoend aus de Virnimm Patrick, Paul, Luc a Laurent.

 

Fir den Ufroen op ee breedgefächert musikalescht Ugebot gerecht ze ginn, spillt den Ensemble säit 2009 an der klassescher Quintett Besetzung : 2 Trompettem, Cor, Trombone a Bass. Je no Optrëtt gëtt d'Quintett och nach vun engem Percussionnist begleed

 

Kontakt

Your details were sent successfully!

bottom of page