top of page
MM_Gala_2014-65.jpg
MM_Gala_2014-63.jpg
MM_Gala_2014-39.jpg
MM_Gala_2014-27.jpg
MM_Gala_2014-25.jpg
Gala2014Mierscher Musik44.JPG
Gala2014Mierscher Musik23.JPG
Gala2014Mierscher Musik12.JPG
Gala2014Mierscher Musik5.JPG
Gala2014Mierscher Musik3.JPG
Audition_30825.JPG
Audition_30748.JPG
Audition_30743.JPG
Audition_30729.JPG

D'Mierscher Musek

stellt sech vir

An der Mierscher Musek gëtt säit 166 Joer d'Musek gespillt a geliewt. Et gëtt vill geprouft an et fannen och vill Sortie statt.  Si ass awer net nëmmen eng Plaz, wou Musek gespillt gëtt, mä wou och d’Zesummeliewen a -schaffen eng grouss Roll spillt. D’Musek zielt all Joers erëm nei Gesiichter a senge Reien an sou besteet se aktuell aus 99 aktive Memberen (dovunner 49 Musikantinnen) am Alter vun 12 bis 90 Joer.

Wanterconcert2019-14.jpg

Iwwert d’Joer gesinn huet d’Mierscher Musek eng Abberzuel Aktivitéiten, insgesamt waren et der 30 am Joer 2021, dovunner ënnert anerem 14 Prouwen, 11 Hämmelsmärsch (mat den Aussestatiounen), 2 Concerten  an 1 Generalversammlung. Eis Harmonie hëlt och bei de kommunalen a reliéisen Evenementer Deel. Et waren dëst 3 Sortien.

Säit dem 1. Septmber 2017 hu mir och ee Jugendensembel ënnert der Leedung vum Ben Brosius. Den Ensembel besteet aus 28 Musikantinnen a Musikanten (9 dovunner aus der Musek an 19 aus der Museksschoul). Si hunn insgesamt 16 Prouwe gehat, awer  leider keen Optrëtt.

Wanterconcert2019-7.jpg

Säit 2005 organiséiere mir och ee Jugendstage, bei deem och eis nei Musikanten sou wéi déi aus dem Jugendensembel Deel huelen. Hei hu si d’Méiglechkeet am Grupp ze spillen, hiert Kënnen ënner Beweis stellen a sech och géigesäiteg nach besser kenne léieren. Dee ganze Stage gëtt ëmmer ofgeschloss vun engem usprochsvollem Concert.

bottom of page