
Wëllkomm bei der Mierscher Musek
Ben BROSIUS
Sous-Chef vun der Mierscher Musek,
Dirigent vum Jugendstage a vun der Jugendmusek
De Ben Brosius, gebuer den 8. September 1993, ass an der Mierscher Musek grouss ginn. Hien huet 2001 zu Miersch säi Solfège gemaach an huet duerno Baryton an Euphonium an der Museksschoul geléiert. 2005 ass hie Member vun der Mierscher Musek ginn. Spéider huet hie sech weider spezialiséiert an Course beim Patrick Krysatis a Philippe Schwartz geholl.
​
No engem Semester um Royal Welsh Colleg zu Cardiff, huet de Ben d'Geleenheet net verpasst sech fir de fräie Posten um Euphonium an der Lëtzebuerger Militärmusek ze mellen. Hien huet seng Examen mat Succès gepackt an ass 2016 fest ugestallt ginn. Nieft dem Euphonium, huet de Ben als Zweetinstrument Perkussioun.
​
Ufanks 2017 ass hien dunn och offiziell zum Sous-Chef vun der Mierscher Musek ernannt ginn. Hien ënnerstëtzt eisen Dirigent, de Maurizio Spiridigliozzi, mat sengem Wëssen a senger Erfahrung während de Prouwen, awer och an der Programmkommissioun.
​
Mat der musikalescher Rentrée 2017 ass och eng Jugendmusek an d'Liewe geruff ginn. Op Ufro vum Komitee hin, huet de Ben ouni zécken dës Tâche iwwerholl. Mat vill Energie a Leidenschaft bréngt hien elo Schüler vun der Museksschoul a Jonker aus der Mierscher Musek bäi zesummen am Orchester ze spillen.
​
Säit ville Joren organiséiert d'Mierscher Musek ee Jugendstage fir déi Jonk aus der Mierscher Musek an déi, déi nei an d'Musek kommen. Während 5 Deeg gëtt gepouft fir der Famill a Frënn ee flotten Ofschlossconcert ze bidden. Säit zwee Joer steet déi musikalesch Leedung och ënnert dem Ben Brosius. Dobäi hält hien och Regësterprouwen a leet musikalesch Atelieren.
​