top of page

Kontakt

Hu dir eng Fro un d'Mierscher Musek, dann zéckt net eis ze schreiwen

En cas de questions, n'hésitez pas à nous contacter.

info@mierscher-musek.com

News

Léiwe Remy

Ganz onerwaard hues du eis verlooss an ee grousst Lach an denger musikalescher Famill, der Mierscher Musek, hannerlooss. 70 Joer war s du een treie Member vun der Musek, Klarinettist duerch an duerch. Du war s ëmmer fir deng Musek an deng Musekerkolleegen do an hues de Veräin och als Kommiteesmember no vir bruecht. Mir hunn dech als Museker geschätzt, awer virun allem alles léiwen, gutthäerzegen, éierlechen a verlässleche Mënsch.

Du wäerts eis al enorm feelen, mä mir sin eis sécher, dass du och an Zukunft kee Concert vun DENGER Mierscher Musek verpasse wäerts. 
Memberskaart 2026

Wann Dir d'Mierscher Musek ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat gäre mat engem Don maachen. Déi néideg Informatioune fannt Dir an eisem Flyer Memberskaart.

D'Mierscher Musek an hier Musikante soen Iech scho villmools Merci am viraus.
​Scheckiwwereechung bei der Asbl De Leederwon

De Kommitee vun der Mierscher Musek hat déi grouss Freed, den 12. Juni 2026, der Asbl De Leederwon ee Scheck an Héicht vun 3.500 Euro ze iwwerreechen. Dësen Don ass den Erléis vum Gala Concert, deen de 25. Abrëll am Mierscher Theater statt fonnt huet. An der Paus vum Concert huet de Responsabel vun der Associatioun, de Peter Aendekerk, de villen Auditeuren de Projet vum Leederwon virgestallt, Projet bei deem Kanner an Erwuessener mat enger méi oder manner grousser Behënnerung op enger speziell fabrizéierter Kutsch a mat duerfir ausgebilte Päerd matfuere kënnen. Si leien, just duerch een Duch getrennt, um Réck vun de Päerd. D’Wäermt vun de Päerd souwéi déi gläichméisseg Beweegung wierkt berouegend an entspanend op d’Leit an dréit esou zu engem positiven emotionalen Erliefnes vun de Leit bäi.
2026 - Scheckiwwerreechung1.jpg

Musikalesche Programm vun
der Mierscher Musek

26/27. September    Hämmelsmarsch zu Miersch

11. Oktober             Journée commémorative

25. Oktober             Hämmelsmarsch zu Miesdref

7. November            Hämmelsmarsch zu Biereng

8. November            Hämmelsmarsch zu Recken

21. November          Hämmelsmarsch zu Schëndels

22. November          Cäeciliefeier an der Mierscher Kierch

28. November          Cortège Kleeschen

19. Dezember          Wanterconcert zesumme mat der Harmonie Gemeng Mamer

24. Dezember          Chrëschtmusek am Blannenheem an Altersheem

 

 

Mierscher Musek Asbl

RCS F876

53, rue Grande-Duchesse Charlotte

L - 7520 Mersch

Mail : info@mierscher-musek.com

Bankdonnéeën : LU47 0030 3607 8980 0000 (BGLLLULL)

  • Facebook Basic Black
  • Twitter Basic Black
bottom of page