top of page

Geschicht

 
1855 - 1900

1855 gouf eng Museks- a Gesanksgesellschaft ënnert dem Numm "Société Philharmonique de Mersch" gegrënnt. De 6. September 1863 ass d'Musek dem "Allgemeinen Luxemburger Musikverein", der heitiger "Union Grand-Duc Adolphe" (UGDA), bäigetrueden an huet regelméisseg mat beschte Resulater un Concoursen Deel geholl. An engem Sall vun der aler Primärschoul, dem "Phillipshaus", gouf fläisseg geprouft a schons 1870 huet d'Philharmonie grouss Leeschtungen erbruëcht, déi vun enger Jury unerkannt goufen. Den éischte President vun der Philharmonie wor de Fieschter HUBERT BERTRANG. Duerch hier grouss Leeschtungen huet de Veräin am In- an Ausland op Concoursen vill schéin Trophäen mat Heem bruecht. Déi éischt Dirigenten vun der Mierscher Philharmonie woren Däitscher. An de Joren 1876 an 1879 huet een Fransous dirigéiert. Well en awer keen Däitsch schwätze an sech net mat de Schüler verstännegen konnt, huet hee säin Dirigentenstaf missten ofginn. Alleréischten Dirigent vun der Mierscher Philharmonie wor den Däitschen JOSEPH MÜLLER. Wéi en 1869 gestuewen ass, huet säi Jong THOMAS MÜLLER d'Musek dirigéiert. Eréischt duerch den Dirigent M. EHSES huet d'Musek den richtegen Opschwong krut an ass séier gewuess. 1880 hunn e puer Leit sech vun der deemoleger Philharmonie getrennt an hunn eng eege Musek gegrënnt, déi sech „Harmonie“ genannt huet. 1885 huet d'Philharmonie ee neie Fändel kritt, sechs Joer méi spéit goufen nei Kapen aus roudem Duch kaaft. Well awer déi vun der "Harmonie" schwaarz Kapen haten, ass séier opkomm datt déi Roud an déi Schwaarz Musek gesot ginn ass. D'Rivalitéit ënnert de Museken huet bis 1895 gedauert (si sinn op den Hämmelsmärsch mat Knëppelen openee lass gaangen) bis d'Harmonie net méi öffentlech opgetrueden ass. Am Joër 1892 huet sech deen deemolegen Gesanksdeel vun der Musek "Philharmonie" getrennt an huet hir eege Gesellschaft, d' "Société Cécilienne" gegrënnt. 

 

1900 - 2000

1902 huet d'Philharmonie néi Statuten kritt. Am Joer 1900 an 1913 huet Miersch d'Concoursen vun der UGDA ofgehalen. D'Philharmonie huet sech net nëmmen op Concerten an de Summerméint beschränkt, mee sou huet si z.B. am Wanter Theater gespillt a Familljebaler ofgehalen. Wéi deen Eischte Weltkrich 1914 ausgebrach ass, gouf et méi roueg ëm d'Philharmonie, well dunn de Proufsall fir aaner Zwecker benotzt ginn ass. An der läschter Sëtzung vum 18. Juni 1916 huet den deemolegen Comité beschloss, all Optrëtter a Prouwen bis op weideres ze ënnerbriechen, resp. d'Amtszäit ze verlängeren bis d'Generalversammlung aneschtes entscheet Nom éischte Weltkrich hun d'Mierscher Léit d'Bedürfnis gehat d'Musek erëm an d'Liewen ze ruffen. Eng Generalversammlung vun der aler Philharmonie ass aberuff ginn an et gouf décidéiert, datt d'Musek sollt opgeléist ginn a mat all hierem Besëtz un déi nei Musek soll iwergi ginn. Nodeems nei Satuten ausgeschafft goufen, huet eng zweet Generalversammlung, de 4. September 1920, een definitiven Comité gestëmmt an deen ale Numm "Philharmonie" an "Société de Musique Mersch" ëmgeännert, woubäi d'Zieler an d'Aktivitéiten déi selwecht bloufen. Duerch ee séieren Opschwong ass d'Zuel vun de Musikanten gewuess, an sie hunn op in- an ausländeschen Concoursen mat vill Succès ofgeschnidden. D'Dirigenten woren meeschtens Beruffsmusiker aus der lëtzeburgescher fräiwelleger Militärmusek. Och d'Theaterowende woren erëm gudd besicht, wou dorops hinn eng Sektioun "Ons Bühn" gegrënnt gouf. Esou huet d'Musek sech ëmmer méi bei de Léit beléift gemaacht bis am Joër 1940, duerch den Zweeten Weltkrich, d'Aktivitéiten erëm agestallt goufen. Och d'Bedürfnisser vun de "Neuen Herren" erëm "Musikzüge" ze organiséieren, sinn um Widerstand vun deenen ale Musikante gescheitert, well déi an der Resistenze täteg waren. Nom Zweete Weltkrich ass d'Musek erëm séier op d'Been komm an huet mam Dirigent P. CLOOS un de Feierlechkeeten vum éischte Fräiheetsjoer deelgeholl. D' "Société de Musique Mersch" huet sech duerno méi op d'Proufen beschränkt a ganz op d'Theateroptrëtter verzicht. 1950 hun d'Musikantinnen a Musikanten nei Uniforme kritt an de Fändel gouf duerch wonnerbar Stickereien verschéinert. De 2. Oktober 1955 huet d' "Société de Musique Mersch" hieren 100. Anniversaire gefeiert.Am Joer 1980 huet d'Musek hiren 125. Anniversaire gefeiert.Am Joer 1995 gouf den 140. Anniversaire gefeiert.

 

2000 - 2015

De 27. Januar 2000, huet d' "Société de Musique Mersch" an hirer Generalversammlung hire Numm a "Mierscher Musek asbl" ëmgeännert

Am Joer 2005 huet d'Mierscher Musek hiren 150. Anniversaire gefeiert, wou se dann och ee neie Fändel kritt huet.

Presidenten:

1855 - 1863 Et gi keng Dokumenter doriwwer, ween deemols President wor

1863 - ____ Hubert BERTRANG 

1868 - ____ Henri DUSCHERER (Miersch)

1876 - ____ Nicolas BOURG (Miersch)

1879 - ____ J.P. SCHROEDER ( Bieréng ) 

1880 - 1890 Antoine DONDELINGER (Miersch)

1890 - 1892 Prosper HAHN (Miersch) 

1892 - 1895 J.P. SCHROEDER (Bieréng) 1895 - 1897 

J.P. SCHROEDER (Bieréng) 

1897 - 1903 Adolphe BOUVART (Miersch)

1903 - 1903 Camille WECKBECKER (Miersch)

1904 - 1910 J.P. SCHROEDER (Bieréng) 

1911 - 1911 Auguste URBES (Miersch)

1912 - 1915 Dr Gaspar ZETTINGER (Miersch)

1915 - 1920 Pierre MARX (Bieréng) 

1920 - 1920 Hubert BERTRANG (Miersch)

1921 - 1923 Auguste SERVAIS (Miersch)

1923 - 1945 Edouard KRAUS (Miersch)

1945 - 1947 Tony KUGENER (Miersch)

1947 - 1950 Charles BRADTKÉ (Miersch) 

1950 - 1956 Franz FABER (Miersch) 

1956 - 1960 Tony LOMMEL (Miersch) 

1960 - 1987 Raymond FEIEREISEN (Miersch) 

1987 - 1991 Jean NOCKELS (Bieréng) 

1991 - 2017 Lucien SCHAEFERS (Rolléng)

2017 - 2020 Paul ARENDT (Miersch)

2020 -           Marvin CALDARELLA WEIS (Miersch)

 

Dirigenten:

1855 - 1868 Et gi keng Dokumenter doriwwer, ween deemols Dirigent wor.
1868 - 1869 Joseph. MÜLLER 
1869 - 1876 Thomas MÜLLER 
1876 - 1879 Auguste COGNÉ (F-Nanzeg/Nancy)
1879 - 1891 Jean-Pierre SPOGEN (Miersch) 
1891 - 1897 Jean-Nicolas BACH (D-Kordel/Trier)
1897 - 1898 R.-J. PELLÉ (Lëtzebuerg-Stad)
1899 - 1911 Charles EHSES (D-Zeltingen, däitsch Musel) 
1912 - 1912 F. NEPGEN (Lëtzebuerg-Stad) 
1913 - 1916 Pierre CLOOS (Miersch) 
1917 - 1920 Jean-Pierre RECH (Miersch) 
1920 - 1924 Albert GLESENER (Lëtzebuerg-Stad) 
1924 - 1926 W. GOETZ (Luxembourg) 
1926 - 1938 Charles EHSES (D-Zeltingen/däitsch Musel) 
1939 - 1944 W. WAGNER (Péiteng) 
1944 - 1949 Pierre CLOOS (Miersch) 
1949 - 1955 Jean GIERES (Lëtzebuerg-Stad)
1956 - 1957 Johny DUSCHINGER (Lëtzebuerg-Stad)
1958 - 1970 Aloyse LORGÉ (Lëtzebuerg-Stad)
1970 - 1991 Fernand COLLIGNON (Lëtzebuerg-Stad)
1991 - 2006 Dominique GOFFINET (Habay-La-Neuve)
2006 - ____ Maurizio SPIRIDIGLIOZZI (Walferdange)

bottom of page