Geschicht

D' Méchelsbléiser goufen viru gutt 20 Joer gegrënnt.

Firwat "Méchelsbléiser"? Ganz einfach: Den hellege Méchel ass de Patréiner vu Miersch. Den Tuurm am Logo stellt de Méchelstuurm, een Iwwerrescht vun der aler Parkierch, duer.

Déi momentan 27 Musikantinnen a Musikanten kommen an der Haaptsaach aus der Mierscher Musek. D'Méchelsbléiser spille virun allem Animatiouns-Concertën mat Musek vun all Genre ouni déi traditionnell lëtzebuergesch Lidder ze vergiessen. 1997 woren si de Gewënner vun der 1. Jangli's Strëppefiesta.